|
|
 |
 |
 |
 |
Parbüro
|
|
|
as am Paschtoueschhaus zu Rouspert 1, rue du Curé L-6582 ROSPORT
Tel. : (00352) 730088 GSM: (00352) 691842052 FAX : (00352) 730437
PARBÜRO Dënschdes 10:00 - 11:30 oder op Rendez-Vous.
Eng perséinlech e-mail un den Här Paschtouer Luc Schreiner, hei klicken--> mailto:luc.schreiner@cathol.lu
Mattdeelung betreffend de Parbréif vum Parverband Ënnersauer, hei klicken --> mailto:ennsauer@pt.lu
|
|
|
Den Här Paschtouer Luc Schreiner
|
In Dei Nomine feliciter Am Numm vum Härgott glécklech weider! Au nom de Dieu joyeusement!
Mat dëse Wieder vum hellege Willibrord, déi ech mir als Weihe- a Primizsproch erausgesicht hat, wëll ech mech bei Iech virstellen.
Aacht Deeg viru Chrëschtdag am Joer 1976 an der Stader Maternité gebuer, gouf ech zu Péiténg gedeeft an hunn a menger Kandheet zu Schëtter d’Freed um Härgott entdeckt. A menger Jugend hunn d’Weeër vun der Famill mech an d’Virstad Dummeldéng, ma och als interne Schüler op Iechternach an de Kolléisch an an d’Bulette gefouert. Duerch eng flott Gemeinschaft an menger Heemechtspor Weimeschkierch an duerch motivéiert Geeschtlech a Matschüler an der Willibrordusstiedchen huet sech den Interessi fir dat Reliéist intensivéiert, esou datt meng deemoleg Schoulkollegen schons Wetten ofgeschloss hunn, ob ech vläicht eng Kéier Geeschtlech géif. Elo, hei op der Ennersauer, ginn ech Paschtouer vun enger Parti vun hinnen J.
No der Première hunn ech dunn op de Wee an de Lëtzebuerger Seminaire gemaach. D’Philosophie- an Theologiestudium op der „Theologischen Fakultät Trier“ an um „Institut catholique de Toulouse“, eng Diplomaarbecht iwwert „Die Luxemburger Muttergottesoktav im 20. Jahrhundert (2004), den Diakonatsstage an de Poren Gréiwemaacher-Mënjhecker, Lelleg a Manternach (Februar-Juni 2005) wore weider wichteg Etappen viru menger Priesterweih den 2. Juli 2005 an onser Kathedral an der Primiz deen Dag duerno an der Heemechtspor Weimeschkierch mat hiere Quartieren Dummeldéng, Eech, Kiem, Kierchbierg, Millebaach a Weimeschkierch.
Meng éischt Priisterjoren hunn ech am Minett a grousse Gemeinschaften verbruecht: Zwee Kaplounsjoren an däer gréisster Por vum Land zu Diddeléng (2005-2007) an eent (2007/08) an deem gréisste Porverband vu Lëtzebuerg als „curé-adjoint, membre de l’équipe pastorale en charge des paroisses d’Esch Sacré-Coeur, Saint Henri, Saint Joseph et Esch-Lallange, ainsi que des Missions catholiques Italienne et Portugaise d’Esch-sur-Alzette.“ Hei konnt ech immens flott a vielfälteg Erfahrunge sammelen - grad och am Kontakt mat den auslännesche Matchrëschten, deenen hier Zuel jo ëmmer méi grouss gett.
Duerno gouf ech gefrot fir als Paschtouer an d’Pastoraléquipe vum Porverband Fiels mat sengen ning Poren Chreschtnech, Eppelduerf, Fiels, Hiefnech, Kruuchten, Miedernach, Noumer, Steeën a Waldbëlleg matzeschaffen. Duerch verschidde Restrukturéierungsmossnahmen bedingt hunn ech an der Lescht Dingschter an onser Kathedral an am Stader Porverband Notre-Dame geleescht, blouw eewer an der Fiels wunnen. Do hunn wou och nach fir de Moment nach mäin Dag iwwert dem Kapp bis ech op Rouspert an d’Paschtoueschhaus plënnere kann.
Fir mech wor et eng grouss Freed, wéi ech proposéiert kritt hunn, fir bei Iech am Porverband “Ennersauer” dierfen ze schaffen. Léif Mënschen aus de verschiddenen Dierfer, déi mäi Lieweswee gekräizt hunn, d’Gaaschtfrëndlechkeet, di gewëssenhaft Aarbecht an d’Frendschaft vum Här Paschtouer Nico Jans, wéi och dat gemeinsamt Um-Wee-sinn mat de Virgängerpaschtéier Marcel Braun (Noprimiz zu Péiteng), Paul Emeringer (Diakonatsstage am PV Maacher) a Paul Müller (Stage als Seminarist zu Wolz), d’Méijlechkeet ze kréien als Paschtouer selwer dierfe Verantwortung fir Gemeinschaften ze droen, d’Verbonnenheet mat der Gottesmamm, bei déi ech scho laang a gäer op d’Giischterklaus gepilgert kommen, an d’Noperschaft zum hellege Willibrord sinn nemmen e puer Facteuren, déi mech motivéiert hunn fir des Plaz z’acceptéieren. Elo freeën ech mech schons mat Iech a fir Iech d’kierchlecht Liewen an onsen Dierfer ze gestalten.
Eng „Regierungserklärung“ wäert ech hei net ginn, ma eppes steet fest: Och di nei Charge ginn ech un In Dei Nomine feliciter Am Numm vum Härgott glécklech weider! Well et ass derwäert dem Härgott eng Plaz an onsem Liewen ze ginn. A senger Léift kann eee gebuerge sinn. Hie steet trei zu ons. Meng perséinlech Erfahrung, grad och aus der rezenter Zäit, weist: Gott kann och op krommen Zeile riicht schreiwen – a ganz dack vill méi propper, wéi mir dat selwer op riichten Zeile gemaach hätten. Hie soll ons all mat Sengem räiche Seege begleeden.
Il me tient à coeur de saluer également tous nos paroissiens d’expression étrangère et d’exprimer la disponibilité du nouveau curé pour tous – peu importe la langue que vous parlez. Soyez tous invités à commencer le chemin ensemble vendredi 22 octobre 2010. Comme nous formons une seule communauté pastorale de la vallée de la Basse-Sûre composée des sept paroisses des deux communes de Mompach et Rosport, il y aura une seule célébration d’accueil commune pour tous : la grand messe festive avec l’installation selon le rite liturgique et canonique du nouveau curé dans son lieu de résidence à Rosport à 19h, suivie de l’accueil par les autorités civiles autour d’un verre d’amitié dans le Hall polyvalent à Born.
Tous - enfants, femmes et hommes - de nos villages, fiers de notre passé construisons ensemble notre avenir et avançons sur les routes du Seigneur comme Saint Willibrord l’écrivit : In Dei Nomine feliciter Au nom de Dieu joyeusement.
Que le Seigneur fasse pleuvoir sur tous, malades et bien-portants, petits et grands, luxembourgeois et immigrés, ses plus riches bénédictions !
Votre nouveau curé
|
|
|
Druckbare Version
|
|